En Appartementshaus dat zwou total männerfeindleche Frae gehéiert. Oberst Gebot vun der Hausuerdnung: Kee männlecht Wiesen däerf je e Fous bannend d'Hausdier setzen.

Um 1. Stack wunnen als Wunngemeinschaft 3 jonk Meedercher an enger WG. Den Titel vum Stéck erkläert wisou net vill Männer matspillen. Mee déi wou mat vun der Partie sinn, hunn et an dësem Haus net einfach, sinn awer trotzdem clever genuch fir déi zwou almoudesch Feministinnen auszetricksen. Ob dat wuel fréier oder spéider opflitt?

 

Fraerollen: 6 insgesamt (2 grouss, 2 mëttel, 2 kleng)

Männerrollen: 5 insgesamt (2 grouss, 1 kleng, 2  mat just 1 resp 2 Sätz)

 

Uropféierung: 4. Dezember 2004 zu Nidderwampich

Theaterowender am Januar/Februar 2009 zu Contern

Theaterowender am November/Dezember 2012 zu Beetebuerg

Theaterowender zu Holzem (Mamer Scouts - Wiselen) 01.03.2013 - 02.03.2013

Theaterowender am Schweecherdaul 29.11.2013 - 30.11.2013