De Gustav Weber fënd sech einfach genial, flott, intelligent, schéin...

Dat eenzegt wat him zu sengem Gléck géif fehlen,

wär eng Fra déi 20 Joer méi jonk ass wéi hien.

Net dass hien d'Josette net gär hätt mee hie fënd et einfach ze al.

Seng Leidenschaft zum Pc a säin Tick

fir am Ebay déi onméiglechst Saachen ze steën,

kaschten hie net nëmme vill Geld mee veränneren säi Liewen op ee Schlag.

Wat muss geschéie fir dass de Gustav seng Léier kritt a mierkt,

 dass ënnerlech Werter bei engem Mënsch vill méi wichteg sinn

wéi den Alter an d'Ausgesinn?

 

9 Persounen:

3 Männer, 3 Fraen - 2 Minirolle fir Kanner (1 Jong, 1 Meedchen)

1 Männerroll mat just 3 Optrëtter

Uropféierung 2008 zu Reckeng un der Mess

Theaterowender zu Munzen am Mäerz 2014